Kevin allein Zuhause Mask

12.50

Kaaf eng Mask an ënnerstetz eis Kanner zu Lëtzebuerg!
Spezial Editioun: Kevin allein zuhause…
Gleich ass et esouwäit, dann geet vir dei meeschten Leit dei schéinsten Zäit am Joer un: Chrëscht Zäit, Beemchen opriichten Familljen Iessen an den heighpunkt vum Owend… wann d’Kanner Kadoen auspaaken, daat Blénken an den Aen an déi FREED !
Awer Joer vir Joer ginn et hei zu Lëtzebuerg Familljen, dei hieren Kanner durch hier Finanziell lag genau daat NET kënnen ermeiglechen och wann se gären weilten… e Kado kaafen an der schéinster Zäit vum Joer.
Et gëtt eng ASBL hei am Land dei genau deenen Kanner daat blénken an den Aen ermeiglecht! anhand vun Spenden an verschiddenen Aktiounen Tam Tam and Friends a.s.b.l den Erléis aus all deenen Aktiounen gëtt geholl an d’Kanner dierfen sech e Kado auswielen aus der Brochure vum Cactus vir Chreschtdag , Ech perseinlech Suivéieren dëss Organisatioun seit e puer Joer an dësst Joer hunn Ech mir gesoot ech ënnerstetzen dei ASBL matt enger privater SPEND souwei starten ech eng COOL Aktioun…. d’Idee “Schliesslech” muss ech mir deen Witz Joer vir JOer unheieren 😊 …Kevin allein Zuhause + dei aktuell Sanitär Kris waat matt sech brengt dass mir mussen Masken droen do passt dess Aktioun JO wei den Kevin alleng doheem op Chreschtdag 😉 !!!
En deel vum Erleis vun den Masken gëtt geholl dass den Compte vun der ASBL sech fëllt an soumadden souvill wei meiglech Kanner kennen beschenkt ginn.
Masken kënnen Online bestallt ginn oder Dir kennt mech och Privat uschreiwen an se siichen kommen bei mech an den Bureau.
Jidreen deen selwer en Eltrendeel ass wees wei schein et ass wann sein Kand daat blénken an den Aaen hunn!!!
D‘Hand op d‘Häerz…jiddereen wollt dach engkeier e KEVIN sinn !! 😅😂
Gären dierfen och Privat Spenden direkt un ASBL gericht ginn wann dir do mei infos wëlls schreift mir roueg.
Kevin ROTOLO
Tam-tam White

Availability: In stock

Category: